Home > Artikel, Luxembourg, Politik, Religion/Philosophy > Impuls: Euthanasie.

Impuls: Euthanasie.

November 28, 2007 Leave a comment Go to comments

Haut woer d’Thema am Impuls op RTL d’Proposition de Loi Err-Huss fir d’aktiv Stierfhëllef. Am Studio woren d’Madame Err (offensichtlech dofir) an d’Madame Marie-Josée Frank (dogéint).

Lydie ErrMarie-Josée Frank

Kloer Gëwennerin: d’Madame Err. Sie hat d’Argumenter op hierer Säit, notamment dat, dass all Mënsch d’Recht soll hunn fir SELWER können ze décidéieren, wann en net méi liewen wëll. Sie huet d’Beispill vun engem jonken Tetraplégic ginn, deen just nemmen nach de klengen Fanger beweegen konnt, an deen sou net méi wéider liewen wollt. Während Méint huet hien seng Mamm ugefleht, der Saach en Enn ze man. Irgendwann hat sie dann en Dokter fonnt, deen bereet woer den Risk op sech ze huelen, fir dem Jong dat ze ginn, wat en wollt: erléist ginn! Ech perséinlech fannen och, dass an sou Situatiounen d’Dokteren dëst erlaabt sollen kréien. Hieren Patient wollt et jo sou!

D’Madame Frank par conter huet just gefaselt, offensichtlech Saachen iwwert d’Paliativmedezin gesot, mat der och jidereen averstan woer, an emmer rem hier d’chreschtlecht Weltbild ugeschwat. Mee den Punkt woer jo, do wou d’Paliativ-Medezin näischt brëngt oder den Doud nemmen onnéideg an d’Längt zidd. An sie wëll einfach ganz kloer hier Meenung op all Mënsch applizéieren!? Mat engem Euthanasie-Gesetz forcéiert jo awer keen sie, dat ze benotzen! Sie kann emmer nach drop waarden, dass hieren Herrgott sie dann endlech vun hieren Qualen erléisst. Mee sie soll aner Läit net virschréiwen, wéi déi ze stierwen hunn! Dat ass en extremen Culot. An typesch chreschtlech Arroganz an Hypokrisie. Sie huet ni richteg op die Fro geäntwert, firwat en Mënsch net d’Recht hätt selwer ze entscheeden, dass en stierwen wëll. Dat eenzegt wat an déi Richtung gaang ass, ass dass just hieren Herrgott dat Recht hätt … Aaaaaaaaah, kann een net rem bessen de gesonden Mënschenverstand aschalten?

Mat esou Gestalten wielen ech die nächst Kéier definitiv keng CSV méi.

  1. November 28, 2007 at 8:51 pm

    Hehe, dat wor jo dann den 2. Sträich wou eng CSV-PolitikerIn vis-à-vis vun enger PolitikerIn aus enger anerer Partei schlecht ausgesinn huet. Da wier et jo lo um Tour vun deene Gréngen. Wie sinn di nächst Gäscht am Impuls?

  2. November 28, 2007 at 8:52 pm

    DU hues an der Vergaangenheet CSV gewielt??? 😯

    Emol am Eescht: Ech si komplett mat dir averstaan.

    An net ze vergiessen: Et geet och drëms, déi Doktoren, déi wierklech wëllen Stierfhëllef leeschten, ze dekriminaliséiren.

  3. November 28, 2007 at 8:52 pm

    Die Chrëschtlech kréien der definitv laanscht d’Baken am Impuls 🙂

    Bring. Them. On.

    😉

  4. November 28, 2007 at 8:55 pm

    maach:

    Jo. Meeschtens schwarz-greng, fir genau ze sinn.

    Mee usech hunn all Parteien gudd a schlecht Ideen, gudd a schlecht Politiker. Mol méi, mol manner allerdengs 😉

    An bis elo hat ech bei der CSV net zevill ze meckeren, an deen Schotz Grëng dobäi huet dat Ganzt an mengem Gewëssen nees relativéiert … mee lo geht et duer. Dës Kéier liesen ech mol den Programm vun den Bloen genau duerch. Well die Roud sinn och net grad den Hummer …

  5. November 28, 2007 at 9:38 pm

    ech hunn däin Artikel elo schons op 2 plaatze kommentéiert, da maan ech et och elo nach eng 3. Kéier 🙂

    Ech froe mech, wisou d’CSV grat d’Madame Frank dohinner schéckt. Et kann am Fong just eng Ursaach hunn. Den Débat ass vu vireran verluer gewiert fir d’CSV, well se ganz genau wessen, dass hier Argumentatioun net ukennt. D’Leit welle selwer bestemme kennen. Hätten se ee Biltgen oder ee Wolter an déi Demontage geschéckt, da wier de Schued fir d’CSV wahrscheinlech vill méi grouss gewiert, well ech menge net, dass en aanere Politiker géint d’Argumentatioun vun der Madame Err ukomm wier.

  6. November 28, 2007 at 9:49 pm

    tchup: Merci. Ech hunn heiandso eng missionaresch Oder 😉

    An däin Argument kéint stemmen. Sie hunn se an d’offent Messer lafen geloss an wollten keen aneren dofir opferen.

  7. November 28, 2007 at 10:03 pm

    Lo wou mer scho beim Thema sinn, hei e Lieserbréif, deen ech viru kuerzem am Tageblatt geschriwwen hat, an am Wort probéiert hat ze schreiwen, wou e selbstverständlech awer net komm ass 😉

    Aktive Sterbehilfe und das Recht auf Selbstbestimmung

    In der Frage der Depenalisierung der aktiven Sterbehilfe hat sich nun vor kurzem auch der Premierminister öffentlich zu Wort gemeldet. Er persönlich sei dagegen, die Abgeordneten sollten aber frei nach ihrem Gewissen entscheiden. Frei nach dem Gewissen entscheiden heißt auf CSV-isch selbstverständlich, nach “christlichen” Richtlinien zu handeln: “Jede Form der aktiven Sterbehilfe ist Tötung eines Menschen und deshalb aus christlicher Sicht nicht hinnehmbar. Als Geschenk Gottes ist das Leben der freien Verfügungsgewalt des Menschen entzogen.” (cathol.lu) Wer sich einen Ausrutscher erlaubt, bekommt Ärger von (fast) ganz oben, wie es der Fall Hetto in Sachen Religionsunterricht gezeigt hat.

    Die Frage nach der Sterbehilfe zeigt sehr deutlich, wie dem einzelnen Menschen religiös-dogmatische Wertvorstellungen aufgedrängt werden, und damit, wie problematisch ein religiöser Einfluss auf die Gesetzgebung auch heutzutage noch immer ist.

    Wenn der gläubige Christ der Auffassung ist, dass nur Gott sein Leben beenden darf, dann ist es seine freie Entscheidung, sein Leben dieser Überzeugung zu unterwerfen. Diese gibt ihm aber noch lange nicht das Recht, für Menschen mit anderen Wertvorstellungen mit zu entscheiden.

    Es scheint Herrn Juncker und einigen Abgeordneten nicht bewusst zu sein, aber es geht bei der Abstimmung über die Depenalisierung der aktiven Sterbehilfe keineswegs darum, was sie persönlich in einer solch schwierigen Lebenssituation tun würden, sondern es geht vielmehr um die Frage, dass jeder Mensch das Recht haben sollte, über die Art des eigenen Sterbens zu entscheiden.

    Wenn sich Herr Juncker also gegen die Depenalisierung ausspricht, dann entscheidet er damit nicht bloß über sein eigenes Leben, sondern vor allem auch über das Lebensende aller Bürger. Das ist dann keine Gewissensfrage mehr, die bloß die eigene Person betrifft, sondern eine entwürdigende und skandalöse Bevormundung vieler mündiger Menschen in ihren wohl tragischsten Lebenssituationen.

    Vor der entscheidenden Parlamentsitzung sollten sich die Abgeordneten deshalb die Frage stellen, ob sie als Volksvertreter gerade aus ethisch-moralischer Sichtweise überhaupt dazu berechtigt sind, gegen eine Depenalisierung zu stimmen.

  8. November 28, 2007 at 10:14 pm

    Ech giff deen Bréif direkt ennerschräiwen!

  9. November 28, 2007 at 10:17 pm

    “Die Chrëschtlech kréien der definitv laanscht d’Baken am Impuls” : Besser wier et, si kréichen der bei de Walen.

    Blo ass awer och keng Alternativ, do kanns du de Programm liesen, esou laangs de wëlls …

  10. November 28, 2007 at 10:23 pm

    maach:

    fir d’éischt liesen ech mol, dann gesinn mer weider 😉

    wat ass dann denger Meenung no d’Alternativ?

  11. November 28, 2007 at 10:42 pm

    Wanns de der net secher bass, da wiel Ampelkoalitioun, also Roud, Greng a Blo 🙂

  12. November 29, 2007 at 2:35 am

    Ech hunn den Débat elo grad eréischt gesinn, an eigentlech ass et dach erem ee weideren Impuls fir d’Kategorie “et huet eis net weiderbruecht, mee ‘t ass gudd dass mer mol driwwer geschwat hunn”. Et kennt mer esou fir, wéi wann d’Diskussioun emmer genau géing dee Moment ofgebrach ginn, wou e bessen Schwong dra kennt.

    Zu den zwee Géigner: d’Madame Frank huet argumentativ vläit verluer, mee dofir war mer d’Madame Err extreem onsympathesch. Hier Kierperhaltung war deermoossen iwwerhieflech, dass ech mech bal guer net konnt op hier Argumenter konzentréieren.

    Zur Diskussioun selwer dann. Als ehemolegen Chrëscht, dee lues awer sécher um Wee zum Antitheismus ass, sinn ech zwar schon gréisstendeels mat der Madame Err averstanen, kann awer och der Madame Frank hiere Standpunkt gudd verstoen. Déi Fro nom Choix ass guer net esou einfach, wéi d’Madame Err dat duerstellt. D’Madame Frank ass als iwwerzeegte Chrëscht vun hierem chrëschtleche Wert iwwerzeegt, dass ee Mënsch weder säin eegent, nach engem aneren säin Liewen beenden dierf. Déi Fro, op d’Net-Chrëschten domatter averstanen sinn, stellt sech eigentlech guer net. Dee Moment wou si als Chrëscht engem aneren dee Choix géing iwwerloossen, géing si hiere Wert jo a gewesser Hinsicht opginn. Si géing jo engem Drëtten d’Lizenz an de Grapp drécken, ee Liewen ze beenden.

    Ech verstinn wuel, dass et Leit ginn, déi hierem Liewen wellen an sou enger schwéierer Zäit een Enn maachen (an ech kennen där Fäll duerchaus perséinlech, ech schwätzen net hypothetesch). Allerdéngs weist eben genee dat Beispill vun deem Tétraplégic (dat iwwregens vun der Moderatorin genannt gouf, net vun der Madame Err, déi huet et dono just opgegraff), dass déi aktiv Stierwehellef guer net esou evident ass. Do gouf enger Persoun beim Stierwen gehollef, déi net am Stierwen louch. De Jong war “just” tétraplégic. Do froen ech mech: wou zéien mer d’Grenz? An dat ass eppes, wat d’Madame Frank och ugeschwat huet: Palliativmedezin ass gudd a muss sinn, mee ass et wierklech ze verantworten aktiv anzegräifen?

    Eng ganz aner Fro, an dat ass een Argument vun der Madame Frank dat ech absolut novollzéien kann, ass, wéi een et kann engem Dokter operleen, een aneren Mënsch an den Doud ze féiren. Kréien mer eng Zwee-Klassegesellschaft vun Dokteren? Eng speziell Abteilung, wou Dokteren schaffen déi et psychesch verkraften, engem anere Mensch säi Liewen aktiv ze beenden (wat eppes anescht ass, wéi ee Patient ze verléiren!).

    Soit, wouropper ech well eraus ass, datt déi ganz Problematik wäitaus méi komplizéiert ass, wéi dat vläit an der Diskussioun erauskoum (wat virun allem wuel un deene lächerlech kuerzen 20 Minutten dierft leien). An einfach nemmen ze soen, “ech well ee Choix,” ass net déi richteg Léisung. Et ass ethesch — chrëschtlech Werter mol op der Säit gelooss, och ech als Net-Chrëscht hunn éierlech gesot Bedenken (An an enger Demokratie dierf een dat gottseidank. Just d’Madame Frank huet esou grouss Bedenken, dass si d’Gesetz well verhenneren, an dat ass am Endeffekt och hiert Recht, egal wéi een et dréit.) — emmerhin ee ganzt heikelt Thema.

    Arrogant an hypokritesch ass der Madame Frank hier Positioun awer op kee Fall. Si steet fir hier Iwwerzeegung. An wann een ee Schrëtt nohannengeet an dat Ganzt e bessen objektiv analyséiert, fällt op, dass et guer ee guer keng sou eng radikal Akkzeptanz vun dem Gesetz hunn, wéi d’Madame Err dat zum Beispill huet.

  13. November 29, 2007 at 8:32 am

    thierry:

    Do gesäit een rem, les goûts et les couleurs! Ech hunn fonnt, dass d’Madame Err sympathesch eriwwer komm ass an d’Madame Frank arrogant. Wärt wuel wie emmer och deelweis domadder ze dinn hunn, weem seng Positioun een enenrstëzt …

    Wat d’Beennegung vun engem sengem eegenen Liewen ugeht, sou ginn ech der absolut NET Recht. Wann en Tetraplégic sech embrëngen wëll, dann huet hien d’Recht dozou. Wann een deen al ass an schon éiweg an enger Klinik dohinn siecht an keng Heelungschancen méi huet, stierwen wëll, sou ass dat deem säin Recht! An wann e Chrëscht dat net akzeptéieren kann, dann hat en Pech. Wou steht geschriwwen, dass Chreschten iwwert aner Läit décidéieren können??? Et forcéiert keen Mensch e Chrescht sech ze euthanaséieren, mee ech hoffen mir sinn jo aus der Zäit eraus, wou Chreschten hier Virstellungen jiderengem opzwëngen können! An wann Selbstmord net akzeptabel ass an em all Präiss verhënnert muss ginn, firwat huet dann net all psychesch labilen Mënsch zb en chreschtlechen Bodyguard Dag an Nuecht bei sech, deen oppasst, dass en sech net embrengt?

    Natiirlech ass paliativ Medezin gudd, mee usech ass se Euthanasie light. Et léisst een de Patient passiv stierwen amplaaz aktiv. Et enthällt een der Persoun liewensverlängerd Mëttel am Plaaz, dass een direkt Mëttel gët, déi een (op säin eegenen Wonsch!) embrëngen. Ech fannen et méi brutal, wann een eng Persoun laang an qualvoll stierwen léisst (och wann d’Paliativmedizin dat vermindert) wéi sie (op eegenen Wonsch!) ze erléisen.

    Wat d’Dokteren ugeht: No der Logik dierft en chreschtlechen Affekot och keng Scheedungen plaidéieren. Wann deen Affekot dat dann aus moraleschen Grenn net kann man, dann geht een bei en aneren! D’selwecht dann beim Dokter.

    An dach, de Choix ass dat wichtegst! Firwat wells du, d’Madame Frank oder soss een, MIR virschräiwen winni an wéi ech stierwen wëll? Dat ass ABSOLUT PRIVATSAACH. An mir mussen jo all irgendwann stierwen, firwat also sou en grouss opféieren?

    Der Madame Frank no ass et jo dann hieren Herrgott deen bei den Läit den Stecker zidd, no oft laangem an qualvollen Stierwen (lo mol net vun Accidenter etc geschwat). Ech fannen de Mensch soll dat selwer décidéieren können, an net Läit déi mat onsichtbaren Wiesen kommunizéieren ….

  14. November 29, 2007 at 8:42 am

    Also ech verfolgen d’Meenung: Main Liewen, Main Recht et ze beenegen wann ech wëll. Daat trëfft allerdengs net zouh wann ech en aaneren well do mat ranzéihen.

    Do gin et lo di extrem Fäll wi den Auto an d’Geigenbunn zéihen, oder di mi passiv wou den Doktor daat muss maan. Wann den Doktor elo freiwëlleg (op guer keen Fall “freiwelleg gezwongen”) daat wëll maan sin ech jo na mat averstaanen, mee op kee Fall sollt et dem Doktor sain “job” gin, fir Sterbehilfe duerchzeféieren. Et ass an soll eng perséinlech Saach bleiwen an net eng “Doktorspflicht” gin.

  15. November 29, 2007 at 9:27 am

    Et muss keng Pflicht ginn, mee d’Dokteren mussen d’Méiglechkeet hunn sech op legalem Terrain ze bewegen, wann een Patient ennert verschidden Conditiounen sou net méi weiderliewen wëll an sech net selwer kann embrengen …

  16. November 29, 2007 at 12:30 pm

    Fir ewech: Ech sot ni, ech géing der Madame Frank hier Positioun vertrieden, ech sot ech wier mat der Madame Err averstanen, kéinnt awer Argumenter vun der Madame Frank och novollzéien. Ech well also kengesfalls iergendengem opzwängen, wéi en säi Liewen dierf beenden.

    Wat mech un deem Fall vun deem Tétraplégic gestéiert huet ass, dass do enger Persoun d’Liewen geholl gouf, déi keng déidlech Krankheet hat. Jo, si war net méi liewensfäheg an huet Hellef fir déi banalste Saachen am Alldag gebraucht. Jo, dat ass eng Qual. Mee de Jong louch awer net um Stierwen. An genee dorunner stoussen ech mech. Hei ass enger Persoun d’Liewen geholl ginn, well se et psysesch net méi ausgehalen huet, net well se physesch krank war. Wou ass do d’Grenz? Wien décidéiert, wéi stark ee muss psysesch leiden, fir dass engem och an deem Fall dierf d’Liewen geholl ginn? Ass et ethesch vertriedbar, op eemol all tétraplégic oder querschnettsgelähmten op Wonsch hin d’Liewen ze huelen, amplaz dass ee fir een ugemoossent Encadrement suergt an där Persoun helleft mat der Situatioun färdeg ze ginn? D’Gesellschaft gett sech mat der Euthanasie dach och selwer ee Mëttel an d’Hand, sou “Problemer” séier aus der Welt ze schaafen. Wanns de engem Querschnëttsgelähmten d’Fro stells, op e net léiwer doud wier an e wees, dass en zu all Moment kann eng Sprëtz kréien, wéivill géingen der jo soen?

    An deem Senn ass de Choix net dat wichtegst. Oder anescht ausgedréckt: eleng de Fait, dass ee Choix do ass, ass keng Léisung. Ech well kengem firschreiwen wéi en soll stierwen, ech soen just, dass et Kontrollen brauch, an an der Diskussioun war d’Madame Err mir vill ze vill labber agestallt (eben well si dee Fall vum Tétraplégic als akzeptabelt Beispill geholl huet). Ech fannen, mir maachen eis déi Fro vun der Euthanasie vill ze einfach.

  17. November 29, 2007 at 1:08 pm

    @Thierry

    Ech fannen am Fong grat dat Beispill vun deem jonke Fransousen immens gudd fir eng Depenaliséierung ze verlangen. Et muss ee sech där Situatioun jo bewosst sinn. Du hues 20 Joer a kanns däin Kierper net méi bewegen, ausser de klenge Fanger. Lo kann ee soen: ech harren einfach emol aus an hoffen, dass a 5, 10, 20, 50 Joer de medizinesche Fortschrett mäin Kierper “reparéiere” kann. Vläit féiert dat awer dozou, dass ech 60 Joer wéi eng Pflanz dohinn vegetéieren. Vläit ginn et och Leit, déi gudd domat emgoe kennen. Ech kéint et net. Emgedréint kann ee soen, dass et onwahrscheinlech ass, dass mer dee Kierper iegendwann reparéiere kennen. Wisou sollt ech mer dat dann undoen?

    Ech mengen do get et einfach keng absolut an allgemenggülteg richteg Entscheedung. Wann ech dech embréngen a 5 Joer dono hätt een dech kéinte reparéieren, dann war et déi falsch Entscheedung. Wann ech dech um Liewen haalen (du muss jo künstlech gefiddert ginn) an et kennt nie eng Méiglechkeet dech ze heelen, dann hunn ech dech dono 60 Joer lang gequält an gefoltert mat enger Hoffnung, déi sech nie erfellt huet. Sou brutal ass et. An dat bescht ass et dofir, den eenzelne Mensch selwer entscheeden ze loossen, well et einfach keng Entscheedung get, déi fir jidfereen richteg ass. Entweder du wells der dat undoen, oder net.

    Wanns de sees, dass mer Kontrolle brauchen, genau dorems geet et jo an där Proposition de loi. Et geet dorems, eppes wat souwisou an enger Grauzone gemat get, ze regléieren. A wann ee sech deen Text am Détail ukuckt, da gesäit een, dass en zimmlech prezis ass. An enger halwer Stonn, wou d’Madame Err vläit grat emol 10 Minute schwätze kann, kann se jo och net op all déi Détailer agoen.

    Wanns du der Meenung bass, dass mer eis et mat deem Thema ze einfach maachen, wat proposéiers de dann amplatz ze maan?

  18. November 29, 2007 at 1:21 pm

    thierry:

    Du fënns also dass du zb kéins besser anschätzen op sou en Tétraplégic weider liewen soll wéi hien selwer?? Dat verstinn ech net … Natiirlech wier et dat einfachst deen Tétraplégic wier trotz sengem Planzen-Dosinn voll positiv an locker drop, schengt jo awer net sou évident ze sinn, och wann den Kader probéiert optimiséiert ze ginn,e tc … An wann dann sou eng Persoun SELWER décidéiert ennert deenen Emstänn an mat deenen Aussichten net méi weider ze liewen, dann soll hien och d’Recht dozou hunn! Färdeg.

  1. November 29, 2007 at 2:57 am
  2. December 2, 2007 at 11:10 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: