Darwin.
Nächst Joër gët jo dem Charles Darwin säin 200. Gebuertsdag grouss gefeiert. An deem Kader huet och den Richard Dawkins lo eng 3-deeleg Serie op Channel 4 an England lafen. Die ganz interessant an edukativ Doku kann een sech op sengem Site ukucken oder roflueden:
A recommander.
Categories: Religion/Philosophy, Video, Wëssenschaft
Hui, tiptop. Ech wollt mer d’Sendung schon am iTunes kafen, mee gratis ass besser. 🙂
Gär geschitt!
By the way: Dat hei (http://www.outcampaign.org/) interesséiert dech villäicht och? Op der anerer Säit hues de jo lo keen Website méi, oder?
Merci, mee jo, kennen OUT schon. 🙂 Hunn nach naischtnotz.net, mee do passt dat net su wierklech drop.
Mer mussen eis d’nächst Joër fir d’Oktav där Tshirten kafen an eis zu enger ganzer Rei op de Parvis stellen. 😀
Däerf ech zur OUT Kampagne umierken, dass ech hoffen, dass se e Witz ass?
Nee, sie ass kee Witz. An e gudde Kontrepoids zum religéisen Fundamentalismus, deen ëmmer méi staark gët. Zumools och wat d’Léieren vun der Evolutioun an der Schoul ugeet.
Nee mee, wou ass dann de Sënn vum Atheismus, wann een en zu enger Relioun/Glawensgemeinschaft héichstiliséiert? Well dat ass jo am Fong den Zweck vun der Kampagne, dass d’Leit zesummen dozou stinn, dass se net gleewen.
Ech kann et net novollzéien.
Et geet méi drëm fir sech zesummen ze organiséieren an en Contrepoids zu den Machenschaften vun den religéisen Organisatiounen ze fannen.
An fir den Läit (zumools an den USA) dobäi ze hëllefen, dozou ze stoen, dass se Atheisten sinn. Well an den USA ass dat bal méi schlëmm wéi Kannerschänner ze sinn …
Et ass net sou dass den Atheismus zur Relioun héichstiliséiert gett, et geet drëm dass d’Relioun dat Gemeinschaftsgefill als éischt genotzt huet. De Mënsch ass ee Gemeinschaftsdéier dat emmer no Gläichgesënnte sicht. A wann een där fonnt huet identifizéiert een sech iergendwéi gären als Grupp – mir sinn X, si sinn Y an déi doten sinn Z. Sou denkt de Mënsch eben. Déi Identifikatioun ass jo net nemmen op Relioun begrenzt, et ginn iwwerall bestëmmten Identifikatiounsmëttlen – wanns du mat engem Hiem ronderemleefs, deels de dech domatter zu enger anerer Grupp Mënsch an wéi déi mat schwaarz gefierwten Aan. Natirlech verschwammen muenchmol d’Grenzen. Mee wisou hei enger bestëmmter Grupp et verweigeren, sech als solch duerzestellen? Reegs de dech dann och driwwer op, dass z.B. Metaller mat engem Tshirt ronderemlafen wou “Metallica” dropsteet? Dat ass genausou wéineg eng Héichstiliséirung zur Relioun wéi en “A” um Tshirt. (An lies “The Scarlet Letter” falls de dat nach net gemaacht hues, do gett dat mam “A” zimlech gudd erklärt. :))
Ech rege mech net op, ech verstinn et just net.
An äer Argumenter si plausibel, mee iergendwéi kann ech et nach ëmmer net novollzéien. Ech gesinn och net firwat een “dozou stoe” muss Atheist ze sinn. Grad esou, wéi ech vu kengem séng Relioun ënner d’Nues geriwwe kréie wëll, wëll ech net wëssen ob een Atheist ass.
Et mécht a méngen Ae kee Sënn, well de “Contrepoids” ouni Zweifel ganz séier séng eegen sënnlos, stur a verbrueten Dynamik entwéckle wäert.
Chris:
Et ass (nach) manner en europäëschen Problem, wéi en amerikaneschen. Dohannen ginn Läit, déi ët woen d’Chrëschtentum a Fro ze stellen, oder ze hannerfroen, extrem schief ugekuckt. Dat ass deen ee Punkt firwat bei hinnen sou eppes schon néideg ass. Deen aneren ass, dass zumools an den USA, mee och hei, den Kreationismus seng stupid Tentakelen an den Schoulen verbreed. Konsequenz ass dass eng nees wëssenschaftlech méi ignorant an abergläubësch Generatioun eruwiest. Wat net gutt ass menger Meenung no. Ausserdem probéieren d’Fundamentalisten jo och hier moralesch Usiichten jiderengem opzedrécken (keng Homo-Ehe, keng Ofdréiwungen, eetc).