Eise Schuncker.
Disclaimer: ech hunn weder die ganz Ried héieren nach se op der Tele gesinn, ech hunn just de Moien Extrait’en um Radio héieren.
Sinn nëmmen ech et, oder huet eise Premier liicht bizarre geklongen bei senger Ried, also vun der Stëmm hier? Soit wéi wann en extrem midd an ausgelaugt wier, oder liicht depressiv, oder villäicht en Apéritif zevill hat? Seng Stëmm huet irgendwéi bëssen geleiert … Ech kann mer dat awer och just agebild hunn.
Categories: Luxembourg, Politik
Grommel, ech mengen du hues dir dat net agebild. En huet jo nees gekrasch, sou wei am Dezember bei der Euthanasiedébatte. Et ass jo kee Geheimnis datt dee Mann nom Mettegiessen an enger aanerer Stëmmung ass wéi moies an dat kënnt net vum Iesse selwer. Traureg wat Dat Politikgeschäft aus engem Mensch ka maachen.
Ah sou, en huet nees gekrasch?? Bon, dat ganz ass natierlech och Stress an haart an hien ass jo och ëmmer ennerwee … mee trotzdem, als Premier dierft een sech net sou goen lossen iwwer Mëtteg?
Jo relativ am Ufank, wei en dem Castegnaro fir seng Verdingschter merci gesoot huet. Do ginn ech dir Recht. Secher et ass en schweieren Job mat vill Verantwortung, mee do misst een sech besser am Greff hunn. Mee anscheinend lauschtert en op keen.
Ech mengen, dass e Regierungschef am Ausland längst hätt missen zrécktrieden. Spéidstens no sou engem Euthanasie-Szene.
Sex, drugs and CSV 😉
Dee kléngt dach ëmmer wéi wann en eng bis déi aner Fläsch Cognac eran hätt, oder ieren ech mech do?
Ech hu just gesi wéi en mat den Demonstranten emgaang ass, an do war en awer extrem gutt. Also keng Anung. En huet en haarden Job. Wéi hat “The Onion” sou léif den 5. November getitelt: “Black man gets hardest job on earth.” Oder sou.
Daat mat Greenpeace hun ech och immens gudd fonnt, heen ass domatt ganz souverän emgaang an huet se just gebieden e bessen no hannen ze goen sou daat heen dDeputeierten nach gesi geif, an hinne souguer ugebueden sech ze setzen.
Sex, Drugs and CSV. Hihi, ech wëll sou een T-Shirt! 😀
Also ech hu mer d’Ried lo mol op wort.lu ugekuckt, also dat wat se do eben hunn, an ech hunn dat ganz propper an iwwerzeegend fonnt. Hunn do näischt gesinn, wat hien schwaach wierke gelooss hätt.
Wéi gesot, ech hunn just Extrait’en de Moien um Radio héieren an do huet en wirklech net gutt geklongen, wéi mat enger schwéirer Zong halt, oder ferme midd oder villäicht och depriméiert … a wann hien en effet nees gekrasch huet, dann ass en emotionell wirklech e bëssen vum Rullo.
Kann een iergendwou de ganze Video nach eng Kéier kucken?
Hun och nëmmen Ausschnëtter bis elo gesin an do fannen ech hien awer och nach an der Norm vu sengem Behuelen hier. Hien schwetzt jo ëmmer e bëssi komesch.
Keng Ahnung. Am Video op wort.lu kléngt en normal. Um DNR an de Nouvellen hat en allerdëngs wéi gesot net sou gutt geklongen, mee bon …